Mukaddas Mijit steet mat engem Blummekranz op hirem Kapp virum engem sonnege Feld an de Bierger (Mukaddas Mijit)
Mat hirem leschte Projet, "WEghur Stories," Mukaddas Mijit - hei bei sech Doheem an de franséischen Alpen am Joer 2021 ze gesi – schafft scho bal 20 Joer drun d’Uyghurescher Konscht a Kultur mat der Welt ze deelen. (Mukaddas Mijit)

Wéi d’ Mukaddas Mijit fir d’éischt zu Paräis am Joer 2003 aus Xinjiang (China) ukomm ass fir Musek ze studéieren, woussten déi mannste Leit eppes iwwer hir Uyghuresch Kultur oder Traditioun. Si wollt dat änneren an Zënterhier huet d‘Mijit hir Talenter als Akademiker, Filmemacher, Kënschtler a Podcaster benotzt, fir déi Uyghuresch Kultur an Europa bekannt ze maachen an Uyghuresch Geschichten an Traditioune mat de Leit ronderëm d’Welt ze deelen.

Uyghurë sinn eng zentralasiatesch Ethnie mat enger eegener Kultur a Sprooch, déi haaptsächlech an der Provenz Xinjiang liewen. D’Provënz Xinjiang ass eng autonom Regioun am Nordweste vu China.

D’ Mijit, eng Dänzerin a Musekerin vu Formatioun, huet dru geschafft fir Uighuresch Museker op international Museksfestivaller a Frankräich ze bréngen. Duerno huet si en Doktorat an der Ethnomusikologie op der Universitéit vu Paräis Nanterre gemaach, wou si d’Inzenéierung vum traditionellen Danz a Musek studéiert huet. Hir Fuerschung huet si e puer Mol zréck an Zentralasië bruecht, awer si huet sech schlussendlech a Frankräich néiergelooss, wou si elo mat hirem Mann wunnt.

Close-up vun enger Uyghurescher Mutz déi vun engem Mann gedroe gëtt wärend en anere Mann seng Foto mécht (© Vincent Thian/AP Images)
D’Chineesesch Regierungs-Campagne fir d’Uyghuren an d’Han-Kultur ze assimiléieren. Campagne probéiert gezielt den Uyghuren hir Vergaangenheet ze entzéien. Uyghuresch kulturell Traditioune bleiwe fir Tourismus erhalen. (© Vincent Thian/AP Images)

An Zesummenaarbecht mat der US Ambassade zu Paräis, huet d‘Mijit lescht Joer och een engleschsproochege Podcast mam Numm WEghur Stories gestart. De Podcast gëtt vum John Bair, engem amerikanesche Schrëftsteller a Storyteller co-moderéiert. D’Mijit hofft datt de Podcast de Leit hëlleft duerch Konscht déi Uyghuresch Kultur ze entdecken.

Déi Uyghuresch Sprooch, Kultur a Relioun ass méi no un der Usbekescher, Kasachescher Kultur wéi un der Chineesescher.

D’ Mijit well net nëmmen iwwer d’Mëssbrauch vun der Chineesescher Regierung géint Uyghuren opmierksam maachen, mee si wëll d’Leit iwwer déi Uyghuresch Konscht a Geschicht opklären. D’Geschichten, déi Mijit um Podcast deelt, decken all Liewensberäicher of, vun zäitgenëssescher Musek bis hin zur Geschicht vun der Uighurescher Sprooch. Duerch dës Geschichte wëll d’Mijit weisen, datt d’Uyghuresch Konscht nach ëmmer lieft an sech weider entwéckelt.

“Kultur ass eng lieweg Saach. Se evoluéiert déi ganzen Zäit. Kultur ka Millioune verschidde Formen unhuelen,” seet si.

Grouss Gebai mat Chineesesch Sprooch Schëld uewen drop (© Ng Han Guan/AP Images)
De VRC forcéiert d’Uyghuren hir Kultur a Relioun an Internatiounslager wéi dësen op ze ginn, 3. Dezember 2018. (© Ng Han Guan/AP Images)

De WEghur Stories Podcast bréngt eng dynamesch Vue op d’Uyghuresch Kultur un e méi breede Publikum. Déi aktuell Situatioun an der Heemescht bleift dobäi awer ëmmer am Fokus.

Zënter 2017 huet China méi wéi 1 Millioun Uyghuren an aner ethnesch Minoritéiten an Internatiounslager agespaart. D’Iwwerliewender beriichten, datt Gefaangener an de Lagere gefoltert ginn, gezwonge steriliséiert ginn, a mussen op hir Relioun a Kultur verzichten.

“Eng Millioun Leit ze emprisonéieren, ass onheemlech … d’Leit kënnen dat net gräifen, si hu keng Verbindungen zu dësen Zuelen an dem Leed,” erkläert d’ Mijit. D’Mijit hofft ze weisen datt d’Uyghuren och “erstaunlech Geschichten” hunn.

D’Medienopmierksamkeet iwwer d’Uyghuren konzentréiert sech op “Erzéiungslager oder Konzentratiounslager, Genozide, … oder Verbrieche géint d’Mënschheet”, seet d‘ Mijit: “Ech wollt e Raum kreéiere wou mir iwwer d’Erfarung vun de Leit ausserhalb vun eiser Heemecht schwätze kënnen.”

Leit déi laanscht Iwwerwaachungskamera’en ginn déi iwwer hire Käpp hänken (© Mark Schiefelbein/AP Images)
D’Chineesesch Regierung huet Xinjiang an en Open Air Prisong ëmgewandelt, mat Iwwerwaachungskameraen déi d’Leit 24 Stonnen den Dag iwwerwaachen. Kameraen si besonnesch verbreet ausserhalb vun de Moscheeën, wéi hei zu Kashgar, Xinjiang, am Joer 2021 ze gesinn. (© Mark Schiefelbein/AP Images)

“Et ass wierklech, wierklech beonrouegend sech wéi en Affer ze fillen,” seet si. Si wëll datt hir Podcasts Leit mam Uyghureschen verbënnt, wie wann et hir Frënn oder hir Famill wieren.

Vill Uyghuresch Kënschtler fillen sech onwuel an der Ëffentlechkeet iwwer hir Konscht ze schwätzen, well hir Frënn a Famill nach ëmmer ënner Chineesescher Kontroll liewen. Des weidere Suergen sech e puer Uyghuren iwwer de wäitreechenden Afloss vu China am Ausland. D’Mijit, deem seng Famill an Australien wunnt, ass virsiichteg, fir hir Gäscht ze schützen. Vun deenen, déi um Podcast erschéngen, benotzen e puer Pseudonymme, wat eng allgemeng Praxis an der Uyghurescher Diaspora ass.

D’Mijit hofft awer datt hir Aarbecht hëlleft d’Gespréich ronderëm d’Uyghuren auszebauen an hinnen ze weisen datt se Meeschter iwwer hiert eegent Liewe sinn.

Ech wëll datt d’Leit mierken datt d’Uyghuren net “just d’Affer vun der Welt sinn, mee och d’Kreateure sinn”, seet si.

Fir méi iwwer d’Uyghur Diaspora ze léieren an de Podcast ze lauschteren, klickt op de folgende Link: WEghur Stories.