
Wat war wann Är Kultur vun Ärer Regierung verbuede wier? Oder wann Äert Kand vun Iech wech geholl gi wär an an enger anerer Sprooch opgewuess wär? Är Fra oder Är Duechter, steriliséiert gi wär ouni hir Zoustëmmung? Hätt Dir net gär datt d’ganz Welt doriwwer weess?
Den 21. Oktober hunn d’USA, Frankräich, Lëtzebuerg an d’Belsch sech mat 39 anere Länner zesumme geschloss fir d’Volleksrepublik China (VRC) opzeruffen onofhängegen Observateuren direkten, an onbeschränkten Zougang zu Xinjiang ze ginn.
An enger gemeinsamer Deklaratioun vun de Vereenten Natiounen zitéiere vill Länner déi systematesch Mënscherechtsverletzunge vun der Volleksrepublik China géint Uyghuren, d’Muslimen, an aner ethnesch a reliéis Minoritéiten. Et gëtt vu Folter, gezwongener Sterilisatiounen, Geschlecht-baséiert a sexueller Gewalt, souwéi schwéier Restriktioune géint Reliouns- , Glawensfräiheet an der Beweegungsfräiheet bericht.
“Mir fuerdere China op, de vollen Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet ze garantéieren an déi national an international Mënscherechts Gesetzer ze respektéieren”, liest Deklaratioun vun der UNO vum Nicolas de Rivière, Ambassadeur a Permanente Vertrieder vu Frankräich bei de Vereenten Natiounen.
The U.S. joins @franceonu and 41 other Member States to voice our concern about the situation in Xinjiang and credible reports of widespread human rights violations against Uyghurs. https://t.co/WMPeE2CLCf
— U.S. Mission to the UN (@USUN) October 21, 2021
Zënter 2017 huet d’Volleksrepublik China méi wéi eng Millioun Membere vun ethneschen Minoritéiten zu Xinjiang festgehalen. An am Mäerz huet den UN Mënscherechtsrot seriö Bedenken iwwer d’emprisonéieren an d’Zwangsaarbecht vun den Uyghuren a China ausgedréckt.
Am Hibléck op Berichter iwwer Mënscherechtsverletzunge fuerderen 43 Natiounen dozou op “Datt all d’Länner de Prinzip vun der Non-refoulement respektéieren”, dat heescht, d’Uyghuren oder aner Membere vu Minoritéiten an der Volleksrepublik China net ze zwéngen dohi zréckzegoen, wou se a Gefor sinn.
Uyghuren, déi am Ausland studéieren, hu scho gewielt an Europa ze bleiwen, anstatt sech selwer a Gefor ze bréngen andeems se op Xinjiang zréckginn. Ee belsche Professer huet d’Fuerscher opgefuerdert keng Daten a wëssenschaftleche Studien ze publizéieren, déi vun Uyghuren ouni hir Zoustëmmung gesammelt goufen. Dëst ass en Zeeche vu wuessenden Ängschten datt wëssenschaftlech Fortschrëtter an Technologie als Ënnerdréckungsinstrument benotzt kënne ginn.
D’Sammele vu biologeschen Donnéeën ass Deel vun der Volleksrepublik China hirer Massen Iwwerwaachung Strategie zu Xinjiang. Et gi Kamerae mat Gesiichtserkennungstechnologie benotzt, déi d’Regioun an en Open Air Prisong ëmgewandelt hunn.
Déi folgend Länner hu sech der Deklaratioun ugeschloss: Albanien, Däitschland, Australien, Éisträich, Belsch, Bulgarien, Kanada, Kroatien, Dänemark, Spuenien, Estland, Eswatini, USA, Finnland, Frankräich, Honduras, Marshallinselen, Irland, Island, Italien , Japan, Lettland, Liberia, Liechtenstein, Litauen, Lëtzebuerg, Nordmazedonien, Monaco, Montenegro, Nauru, Norwegen, Neiséiland, Palau, Holland, Polen, Portugal, Tschechesch Republik, Vereenegt Kinnekräich, San Marino, Slowakei, Slowenien, Schweden a Tierkei.